Generalversammlung – Déi Gréng Déifferdeng
E grousse Merci un all déi Leit, déi op eiser Generalversammlung dobäi waren.
Mir hunn eise Rapport d’activité presentéiert, d’Konte virgeluecht an eis Ziler fir d’Zukunft kloer definéiert.
D’Diskussioune ware konstruktiv, d’Iddie konkret an d’Ambiance ganz positiv.
Mir si bereet, eis weider staark anzesetzen – fir eng ekologesch, sozial, transparent a virun allem konstruktiv Gemengepolitik am Interessi vu ganz Déifferdeng.


