background background

Déifferdeng

Stäerkung vun der Sécherheet am Parc Gerlache: Inbetribnam vum System Visupol

Haut waren d’Gemengeconseillèren Manon Schutz a Paulo Aguiar, zesumme mam Nello Artuso (déi gréng), bei der Inauguratioun vum Videoprotektiounssystem Visupol am Parc Gerlache, a Präsenz vum Inneminister Léon Gloden.

Dës Initiativ, ëmgesat vun der Koalitioun déi gréng–CSV, ass Deel vum lokale Sécherheetsplang. Verschidde Moossname goufen dobäi ëmgesat, dorënner:

  • d’Aféierung vu Fousspatrouille vun der Police grand-ducale an de betraffene Quartieren,
  • eng verstäerkte Stroossebeliichtung a sensibele Beräicher,
  • den deeglechen Asaz vu Streetworkeren an Educateuren,
  • an zanter Mee 2025 d’Integratioun vu Déifferdeng an de nationale System „local police“, dee sech op Präsenz, Präventioun a Proximitéit stäipt.

Mir si frou, datt vill Leit sech duerch dës Moossname méi sécher fillen an sech erëm ouni Angscht ronderëm de Parc beweege kënnen.

Gläichzäiteg bleift et wichteg, datt all dës Moossnamen reegelméisseg evaluéiert ginn, fir ze iwwerpréiwen, ob se wierksam sinn oder ob Upassunge noutwenneg sinn, fir d’Sécherheet nohalteg ze garantéieren.