background background

Déifferdeng

Déi Gréng boîte

Zesummen mat iech!

Manon Schütz, Presidentin Gréng Déifferdeng, iwwert déi Gréng Bréifboîte : Als Partei ass et wichteg fir eis no um Wieler an den aktuellen Erausfuerderungen ze sinn, dowéinst hu mir eis dëst flott Mëttel fir méi Politesch Bedeelegung vun de Bierger iwwerluecht. Mir hoffen domat en kloert Verständnis iwwert d’Wënsch a Suergen vun eise Matbierger ze kréien.

Mir hu gesinn dass klassesch Formen vun Biergerbedeelegung wei Biergerversammlungen net fir jiddwereen funktionéieren. Am Alldagsstress kann et schwéier sinn sech politesch ze engagéieren, dat versti mir. Aus dësem Grond komme mir elo bei iech. 24/7 stinn eis Boîte iech zur Verfügung, fir är Ideeen anzebrengen.

Ee partizipative Prozess, eng integral Missioun vun de Gréngen

Ee partizipative Prozess ass ee wichtegen Deel vun eiser gréngen Aarbecht, nëmmen zesumme kenne mir déi zukünfteg Problemer léisen, jiddwereen ass en Deel vun der Léisung. Mir hoffen op frësch Iddien, spannend Ureegungen an Erausfuerderungen.

Du hues Iddien ? Dann schreif se op a gehei se an déi nooste Gréng Boîte ! Mir si gespaant.